Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Keyboard, Akkordeon, zweestëmmege Gesang an e flotte Programm:

dat erwaard iech bei eis!

 

Mir maachen allebéid scho laang a matt grousser Freed a Leidenschaft Musek an trieden zanter dem Hierscht 2014 zesummen als "Orchester Blue Stars" op. Säithier hate mer vill flott Optrëtter an hu vill léif Leit kennegeléiert; dëst souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland.

 

Duerch eise variéierten a breetgefächerte Repertoire un Dësch-, Danz- a Partymusek kënne mir Fester an Evenementer flott musikalesch encadréieren.

 

Dir kënnt eis gäre kontaktéieren fir ären Thé dansant, Grillfest, Chrëschtmaart, Kiermes etc. Selbstverständlech spille mer och op private Fester, an Altersheemer an op interne Gemengen- a Veräinsfeieren.

 

Hei fannt der Detailer iwwert eise Repertoire an den Agenda.

 

Dat Wichtegst ass fir eis, datt souwuel den Organisateur wéi och de Public

zefridden heem gin.

 

A fir dat ze erreechen heescht et:

-   am Viraus mam Organisateur ze beschwätzen wéi e Genre Musek gewënscht ass. Nët jiddereen deen eis kontaktéiert huet eis och scho selwer héieren. Wa mir gesin datt de Musekswonsch an eng aner Richtung geet wéi déi déi mir ubidden, rode mer dem Organisateur e Grupp ze engagéieren dee besser bei säin Event passt.

 

-   sech der Feierlechkeet unzepassen. Mir sin der Meenung, datt den Orchester nët iwwerall a vu vireran de Mëttelpunkt ass. Demno hale mer eis och gäre matt enger dezenter Musek am Hannergrond wann d'Ëmstänn dat erfuederen.

 

 

♫ ♪ ♫ ♪ ♫ ♪ ♫